News2017-08-14T11:17:43+00:00

KML News

11.122010

3. Filmakers Night

Déi 3. Filmakers Night gouf mat Succès e Samschden Owend ofgehalen. Vill interessant a flott Filmer goufe gewisen. Éischtmoleg hate mir och Kategorien 100 Sekonne Filmer a Videoclips.
– De Jury huet déi 3 beschte Kuerzfilmer priméiert. De Choix zwescht dem richtegen Amateurkino an dem fortgeschrattenen Amateurkino huet der Jury erfier gegraff a domadder zwou éischt Platze gewielt. Felicitatioun un dem Adolf El Assal sai Film Mano De Dias deen  mat engem vun den 2 leschte KML Produktioune Mr. Knitty and the cardboard house zesumme op éischt Platz gewielt ginn ass. Déi 2. Platz ass un dem Mili Schlesser säi Kuerzfilm Next Stop Heaven gaangen an déi 3. un de Le Mépris vum Cyrus Neshvad.
– Dee beschten 100 Sekonne Film ass un de Jugendtreff Hesper gaange fir hire Clip HipHop dee ganz professionell realiséiert war.
– De Prix SNJ, dee vum Adrien Promme verdeelt gouf, geet un d’Jugendhaus Wasserbillig fir hire Kuerzfilm Kim.
– De beschte Video/Musik Clip ass duerch de Publique gewielt ginn, an och hei hate mer en Egaux, sou dass déi 2 Clips: Francis Caibrel – En Gore En Gore vu Broken a R Mano – Le jardin d’Eden vun Episclérite jeeweils  sinn.
– De Publique hat dee Moment nach Méiglechkeet hire Favorit als Prix Publique ze wielen, an deen ass och namol u KML gaange fir Mr. Knitty and the cardboard house.

18.052010

Two more Years

Wou KML dëst Joer d’Generalversammlung ofgehalen huet, hu mir erfreet festgestallt, dass mer eng nei Generatioun am Club hunn, déi – genau wéi mir an der Zäit – mobiliséiert a motivéiert ass hir eege Produktiounen ze realiséieren. KML ënnerstëtzt se mat alle Mëttelen. Regie féiert de Gil Biever, ënnerstëtzt duerch de Laurent Kugener. Mir wënschen der neier Equipe genau esou en decken Erfolleg, wéi mir en deemools haten!

06.022010

Rapport 2010

Rapport Generalversammlung 2010
05.022010

Generalversammlung 2010

Wei all Joers gouf och 2010 nees eis Generalversammlung an der Koler Schoul ofgehalen. Nieft den diverse Bilane vum Joer 2009 gouf op d’Zukunftspläng higewisen, déi virun allem am Liicht vum HD stinn, dem T(w)o Friends an awer och enger neier Generatioun, deene mer Dieren zu neie Filmproduktiounen opgemaach hunn.

23.012010

Koler Leit

KML huet zesumme mat den 3 aner Koler Veräiner Club des Jeunes, Koler Pompjeeën an Episclérite Production den Internetsite koler-leit.lu gegrënnt. Op dëser Plattform wäerten ëmmer Neiegkeeten online kommen, fir sou de Standuert Koler méi staark ze representéieren.

12.122009

2. Filmakers Night

E Samschden hate mir eis 2. Editioun vun der Filmakers Night zu Garnech am Veräinssall organiséiert. Et war e grousse Succès: 14 Filmer waren an engem 2 Stonne Programm a Competitioun gelaf. Fir de Jury war et ganz schwéier hire Präis ze verdeelen, well vun deene 14 Filmer net nëmme reng Fiktiounsfilmer gelaf sinn, mee och Musekclips an Dokumentatioune ware mat dobäi.
De Jury konnt sech awer fir hire perséinleche Favorit entscheeden, a sou huet de Film A l’abri vum Cyrus Neshvad de Prix du Jury vun der Filmakers Night 2009 gewonnen. E Film dee mat ganz einfache Mëttelen et hikrut eng spannend Atmosphäre ze kreéieren. Felicitatioun namol op dëser Platz! De Prix du Public war och ganz knapps verdeelt ginn, an dat un de Film Die Rache des Herbstes vum Milli Schlesser, dee mat knapps 40 Minutten de längste Film vum Owend war.
D’Organisateure waren sech nom Owend scho praktesch sécher, dass et och 2010 nees eng Filmakers Night wäert ginn. Un all Participanten also: Fläisseg weider dréine bis nächst Joer!

15.112009

Nationalconcours

Dëse Weekend sinn nees Dikkrecher Filmdeeg, organiséiert vun der Federatioun FGDCA. KML participéiert dëst Joer mam Film Dreamcell dee Sonndes am Nationalconcours leeft.  De ganzen Dag iwwer ginn dann am Scala zu Dikkrech Filmer gewisen. Kommt also roueg dohin!

19.092009

Filmpresentation zu Garnech

Dëse Samschden, organiséiert KML de Quantum-Revival. Ganzer 10 Joer ass et elo schonn hier dass mer Quantum of Solace gedréint hunn. Pünktlech fir den DVD-Release weise mir iech namol Quantum of Solace an enger komplett nei geschnidden, novertounter Versioun an an enger Qualitéit déi der bis ewell na ni gesi hutt. Start ass um 20h00 zu Garnech am Veräinssall. D’Entrée ass fräi.

25.042009

Indie Horror Picture Show

Op der zweeter Reprise vun der Indie Horror Picture Show gëtt dëst Joer de leschte KML Kuerzfilm Dreamcell gewisen. Dëst Event ass am Cine Belval zu Esch. Nieft Dreamcell ginn awer och nach 8 aner Kuerzfilmer aus der lëtzebuergescher Amateurfilmzeen gewisen.

21.022009

Rapport 2009

Rapport Generalversammlung 2009