Koler Moderniséierung

Indie-Filmer/Clubs/Events/Hollywood
User avatar
Petz
Posts: 34
Joined: 23 Feb 2017 14:36

Koler Moderniséierung

Postby Petz » 16 Feb 2019 09:18

Just eng kuerz Notiz fir ze soën, dass ech leschte Méinden de Documentaire « Koler Moderniséierung » kucken wor, an deem ënnert der Regie vum Marc Barnig d’Genèse vum Kinoler a vun der Erneierung vun der Koler Duerfplaz erzielt gëtt a fir eng Kéier hunn ech wirklech absolut kee Kritikpunkt fonnt. Den Documentaire wor interessant, d’Aussoën a Stellunngnahmen gutt equilibréiert, d’Gesamtlängt vum Film mat 37 Minutten genau richteg, technesch wor alles propper realiséiert an als Zuschauer huet een villes entdecken können, dat nët nëmmen fir Awunner aus dem Duerf an der Gemeng interessant wor. Bref, eng ganz flott Aarbecht an et huet mer nët Leed gedoën, dass ech mech duerch den Owes-Stau hunn misse ploën fir den Film ze gesin.

User avatar
Franky
Posts: 20
Joined: 24 Nov 2016 17:45

Re: Koler Moderniséierung

Postby Franky » 20 Feb 2019 22:18

ech haassen Dokumentairen, mee deen doten war ennerhaalsam. Top geschafft Marc!

Barnig
Posts: 20
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: Koler Moderniséierung

Postby Barnig » 23 Feb 2019 08:43

Merci :)


Petz, wanns de wells kanns de och nach main 2ten Documentaire kucke kommen, deen ech iwer den Alain gedreihnt hun ...
Kriis geschwenn Datumen, a NEWS


Return to “Film”



Who is online

Users browsing this forum: No registered users and 1 guest