R4 -Kulfi Cobra

Indie-Filmer/Clubs/Events/Hollywood
Barnig
Posts: 22
Joined: 19 Feb 2017 12:18

R4 -Kulfi Cobra

Postby Barnig » 18 Jun 2019 06:03

The film is out now on BLU RAY and DVD

:lol: :lol:

User avatar
Claude
Posts: 3
Joined: 20 Jun 2019 14:34

Re: R4 -Kulfi Cobra

Postby Claude » 21 Jun 2019 14:58

I am back, genau wei de Riddly, deen no laanger Zäit elo endlech rem kennt.

Ech hunn natierlech direkt BLURAY kaaft a schon gekuckt! :D


REVIEW

Zum Film selwer get et net mei vill Neies ze soen. Et ass eben eng "knallbunte bonbonfarbene Wundertüte" mat villen Iwwerraschungen a Form vun Parodien, Musekclips, Live-Acts an natierlech Gegecks. :mrgreen:
Et ass esou ofwiesslungsräich, dass dei Spilldauer vun 137 Min. wei am Fluch vergeet an een sech zum Schluss nach mei Sketcher wenscht a schon prett ass fir en 5. Deel. Et fleisst seier weider ouni sech ze laang mat engem Sketch opzehaalen an domat get all Langweil zersteiert.
"Dat knallt jo richteg ran!" fir et mam Cédric aus dem Energydrink Sketch senge Wierder ze soen.

Op d'Bonus-DVD war ech och richteg gespaant an ech muss soen, dass se wierklech genial gelong ass. De Making of ass informativ a witzeg presenteiert mat den Duersteller, dei iwwer hir Erfahrungen erzielen. Leider sinn d'Leit zevill blatzeg am Verglach mam Hannergrond geroden, waat awer net wierklech steiert a wahrscheinlech just mär opgefall ass.
All aaner Specials sinn top, zemools dei extended an unreleased Sketches, dei een net soll verpassen. Fannen dass Bonusmaterial sou spaasseg a villsäiteg ass, dass ech mer nach mei gewenscht hätt. Leider ass et ze seier gekuckt an d'Zäit och gudd remgaangen. Eenzeg an aleng sinn ech bessen enttäuscht waat meng Double Dragon an Mega Man Videos vun de Computerspiller ugeet, dei ech nach last minute gemaach hunn. Fannen se passend agebaut, genau wei Woodys an Army of Lovers, mee hätt ech mer dat Ganzt bessen mei detaileiert virgestallt. Am Splitscreen dann lenks d'Szeen aus dem Spill a rechts de Verglach mam Sketch an dat vill mei genau, dass een dei eenzel Elementer erkennen kenn, wei z. B. dei eenzel Moves oder d'Bleck dei optauchen. Fir den Detail bei de Spiller ze weisen, war de Bildausschnett zevill kleng. Hatt gemengt all Spill giff elo 5 Minutten laang prezise erklärt ginn. Wann ech dat am Viraus gewosst hätt, dann hätt ech der dei Videos schon an 10 Minutten schecke kennen. War Aarbecht em soss. :oops: Mee et war och kloer eng vun deene leschte Saachen dei monteiert gi sinn, an Deadline fir den Drock war och zimlech knapps.

Muer kritt de Gubius seng Bluray, mol gespaant waat deen dovunner seet.

Meng Mamm huet och schon e Lieblingssketch, den THE ROSE, well do d'Schauspiller sou gudd riwwerkommen.

User avatar
Claude
Posts: 3
Joined: 20 Jun 2019 14:34

Re: R4 -Kulfi Cobra

Postby Claude » 21 Jun 2019 16:11

Et ass mer nach eppes agefall.

De Bonus ass flott struktureiert.
Wann ech den 1. Punkt Making of kucken dann stoppt de Player net wann et fäerdeg ass, mee spillt direkt hannendrun den 2. Punkt of... an dann nach den 3. a sou weider. Et wees et net wou dat eent ophällt an dat aanert ufänkt. :o Fir richteg misst no all Punkt rem de Menu kommen, wei et de Fall bei originalen DVDs och ass.

De Label op der Bluray huet eng aaner roud Fuerf wei deen op der DVD. Den Ennerscheed gesait een direkt, ass awer normal well mer dei eng selwer maachen an dei aaner produzeiert ginn.

User avatar
Claude
Posts: 3
Joined: 20 Jun 2019 14:34

Re: R4 -Kulfi Cobra

Postby Claude » 02 Jul 2019 14:37

Hei dem Gubius sein Review:

Am ganzen war den Film gudd, an hunn mech gudd amüseiert. Natiirlech waren och dei eng oder Aaner Sketcher dobai, dei nët sou gudd waren (geschmachlech) oder schon mol gesinn hunn (siew et bei ierch oder Aaneren).

Me kreativ wart der opallefall, an Spass haat der och :) An engems sinn bessen erënnerungen vun deenen Aalen komm, alles schei baibehaalen, wei daat soll sinn.

Barnig
Posts: 22
Joined: 19 Feb 2017 12:18

Re: R4 -Kulfi Cobra

Postby Barnig » 03 Jul 2019 05:08

GREAT


Huet soss nach keen den DVD/BLURAY gecheckt ??


Return to “Film”



Who is online

Users browsing this forum: No registered users and 1 guest