Page 1 of 1

KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 26 Apr 2017 14:45
by Petz
Hunn mol dësen neien Topic gestart domat dir ons iwwer är Kopdroduktioun mat Episclérite um Courant haalen könnt. Vläit kann jo een vun iech kuerz résuméieren waat schon gewosst ass an och ëffentlech gemach ka gin (Dauer vum Film, Sujet, geplangten Release-Datum, Cast & Crew). Géif mech freeën e puer Infos ze kréien.

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 28 Apr 2017 06:59
by Barnig
Salut Petz,


Am Moment befennt sech de Projet an der Pre-Produktiounsphase. De Fred an ech hun zesummen un enger globaler Idee geschafft dei vlait net direkt op eis 2 passt ;) souvill sierf verroden, mee eischter op de "Grand Publique". De Fred ass momentan am gaang aus dem Konzept en Dreihbuch ze schreiwen. Duerno wäerte mer mat engem Casting starten, mee vill vun den Akteuren gin awer duerch "real Bierger" vu Koler besaat, well de Film quasi komplett an eisem Koler Duerf gedreihnt get. Mei NEWS geschwenn...

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 28 Apr 2017 13:50
by Petz
Ok, merci. Et gëtt also allem Uschéin no kee Fiktiounsfilm, also keen Underground-Indie-Genrefilm. Dann losen mer ons mol iwwerraschen.

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 01 May 2017 11:35
by Barnig
Dach Dach FIKTIOUN ... loos dech iwerraschen ;)

Mee vill vun eise "Koler Bierger" kreien eng roll an hierem "Beruff" z.b. deen Eeerbauer, oder den Kenschtler, Paschtouer ...

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 28 Nov 2017 12:49
by Petz
Gëtt et iergend eppes Neits ze berichten zu der Koproduktioun?

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 28 Nov 2017 15:38
by Barnig
Salut Petz,


YES: Dreihbuch ass faerdeg, a mir wäerten ufanks des Joers 2018 mam Tournage starten :D


Geschwenn maan mer och eng offiziell NEWS

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 29 Nov 2017 10:33
by Petz
Stark, daat freet mech. Sin ganz gespaant wat dir ons do zesummenbraut.
Wéivill Deeg rechent der fir den Tournage?
Et gëet jo een moyen métrage?

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 29 Nov 2017 17:02
by Barnig
Yes, e moyen-metrage. de genauen dreihplang hu mir lo nach net ... et get allerdings bessi stress.. well eise kino warscheinlech an engem Joer inaugureiert get (falls alles gud geet)


MO KUCKN

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 29 Nov 2017 17:08
by Petz
Ok, wënschen vill Courage! Wann der d'Sach seriö macht, gët dat der eng flott Pub fir KML, eng flott Pub fir de Kino an eng flott Pub fir den Indie-Cinema. Wann der eng Relecture vum Script wöllt, man ech dat gär.

Re: KML-Episclérite Koproduktioun

Posted: 01 Dec 2017 05:57
by Barnig
Merci Petz,


We keep you informed