Notzerbedingungen fir de KML-Forum

Dëse Forum gëllt als Plattform fir onofhängeg Filmemaacher oder Amateurfilminteresséiert vu Lëtzebuerg. KML stellt dës Plattform gäeren zur Verfügung, weist allerdings dorop hin, dass sämtlech Aussoe vun de Useren hei an dësem Forum net d’Usiicht vu KML ass, mee just den Austausch vu Gedanken a Meenunge vu lëtzebuerger Filmbegeeschterte bewierke soll! Mam Zil, de lëtzebuergeschen Amateurfilm ëmmer an der Aktualitéit ze halen.


Dëst sinn Aussoen, Meenungen oder Usiichte vun individuelle Leit, déi hir eege Meenungen hei vertriede kënnen, an zum gréissten Deel mol iwwerhaapt näischt mat KML selwer ze dinn hunn.


All User muss sech un déi ënnen opgezielte Punkten halen:
   • All User huet seng eege Meenung, gëtt doduerch net zenséiert, an ass responsabel iwwert
     dat wat e schreift.
   • E User soll sech net weinst Meenungsverschiddenheeten perséinlech attackéiert fillen.
   • Duerch vulgärt oder onkonstruktivt Verhale kann ee vum Forum ausgeschloss ginn, oder säin
      Thema/Bäitrag geläscht kréien.


Fir eis privat Geschichte net öffentlech ze maachen, hu mir eng obligatoresch Registréierung fir d’Kategorie „Verschiddenes“ agefouert.

Merci fir d’Respektéiere vun dëse Regelen
Vill Spaass an eisem Forum. (verfaasst den 01.03.2008, geännert den 13.03.2008,13.06.2008)