De Sam an séng 3 gudd Kollege beschléissen op engem langweilgen Owend den Aussenseiter Flummy ze zerklappen. Daat geléngt hinnen, allerdings krabbelt de Flummy duerno hallef doud an de Bësch, wou hien Opfer vun engem béise Ritual gëtt. Vun deem Owend un gëtt d’Duerf vun enger Bestie heemgesicht déi hir Opfer fuerdert. De Sheriff vum Duerf mengt et wier e Bier, mee leider iert hien sech, an ass dem gewaltege Problem nët gewues. Panik an Angscht briechen aus. D’Juegd op de Bigfoot geet lass!
„Legend of Bigfoot“ ass den éischte Film vum Frank Hansen. Et ass och fir d’éischt dass e KML-Film komplett op digitalem Band gefilmt gouf. Nom gelongene Film „Show Time“ ass „Legend of Bigfoot“ den zweete KML-Kuerzfilm a garantéiert 100%teg Spannung a Grusel.