About kmlmovies

This author has not yet filled in any details.
So far kmlmovies has created 72 blog entries.
26.04 2012

Filmpresentation am Cine Ariston

2017-08-14T10:34:37+00:00

En Donneschden Owend huet KML op hier Avant-premiere vum Mich Clemen sengem éischte Long-Metrage T(w)o Friends invitéiert. Vill Invitéen hunn de Wee op Esch an de Cine Ariston fonnt. Dank der Kinosgesellschaft Caramba an eise Sponsore konnte mir dëst Event méiglech maachen. Praktesch déi komplett Besetzung vum Film souwéi d’Crew hannert der Kamera waren do.

Filmpresentation am Cine Ariston 2017-08-14T10:34:37+00:00
15.03 2012

Rapport 2012

2017-08-14T10:34:37+00:00

Rapport Generalversammlung 2012

Rapport 2012 2017-08-14T10:34:37+00:00
14.03 2012

Generalversammlung 2012

2017-08-14T10:34:37+00:00

Mat bëssi Retard organiséiere mir dann och eis alljährlech Generalversammlung, an dat de Samschden zu Koler an der Schoul um 20h00. Interaktiv gëtt de Bilan vum leschte Joer mat den Aktivitéite gezunn, souwéi Projeten 2012 an eis Virstellunge presentéiert. Jiddereen ass invitéiert hei laanscht kucken ze kommen. Fir de klengen Honger an de klengen Duuscht ass gesuergt.

Generalversammlung 2012 2017-08-14T10:34:37+00:00
02.03 2012

Crème fraîche

2017-08-14T10:34:37+00:00

KML ass um Film Concours Crème fraîche am Kader vum Discovery Zone vertrueden, an dat gläich 4 mol. Enner anerem ginn dem Gil säi Kuerzfilm How? souwéi dem Laurent säi Clip SKiY gewisen. Et fënnt och ee Special Concours statt wou ee 60 Sekonne Filmer mat engem Velo, enger aaler a jonker Persoun an e Kierchtuerm dréine sollt. Hei huet de Marc de Film The Phantom an de Frank de Film Circle of Life agereecht. Dat ganzt fënnt den am Utopia statt. Entrée ass Fräi!

Crème fraîche 2017-08-14T10:34:37+00:00
25.01 2012

Créajeune – Auszeechnung

2017-08-14T10:34:37+00:00

E Mëttwoch gouf an der Cinémathèque zu Lëtzebuerg de Créajeune ofgehalen. Dëst ass e Festival vu jonk Leit hier eege Videoproduktiounen aus de Länner Belge, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg kenne presentéieren. 2012 ass fir d’éischt och eng Kategorie Jeunes bäigesat ginn, déi sech u Jugendlecher zwëschen 20-30 Joer wennt.

De Marc Barnig huet mam Status>Ego de Präis vum Beschte Spillfilm gewonnen. Soumat ass dëst den éischte Präis fir de Film, op deen ee ka stolz sinn, well sech de Film an eiser Groussregioun huet missen duerchsetzen.

Créajeune – Auszeechnung 2017-08-14T10:34:37+00:00
10.12 2011

4. Filmakers Night

2017-08-14T10:34:37+00:00

De Samschden hu mir déi 4. Editioun vun der Filmakers Night eischtmoleg an engem Kino ofgehalen. Wei all Joers sinn och dëst Joer méi Leit komm an de Ciné Ariston zu Esch war agreabel gefëllt. Nieft de bal 150 Minutte Filmer goufen nees eng Rëtsch flott Präisser verdeelt.

Hei sinn d’Gewënner:
– Prix SNJ: How? (vum Gil Biever/KML)
– Prix 100s: Empreintes (vum SNJ/Unica)
– Prix 100s Publique: Magia (vum Vituc)
– Prix Publique: Frames (vum Christophe Hubert)
– Best Films: 3. Love Money (vum SNJ), 2. A Coffee a day keeps the doctor away(vum Mili Schlesser), 1. Cotton Adventure (vum Vituc)
– Best Videoclip: Howling with the wolves vu Bluesoxxxs (vum Vituc)

4. Filmakers Night 2017-08-14T10:34:37+00:00
01.12 2011

Filmpresentation an der Konschtkëscht

2017-08-14T10:34:37+00:00

Mr. Knitty and the cardboard house leeft de ganze Mount Dezember an allen Konschtkëschte vun der Groussregioun.
– Abtei Neumünster
– Cercle-Cité
– CNA (Centre national de l’audiovisuel)
– CIGL Esch
– CIGR Grevenmacher
– CIGL Hesperange
– CIGL Sanem
– CIGL Steinfort
– Gemeng Sierck-les-Bains (Lothringen)
– Stadtgalerie Saarbrücken (Saarland)
– TUFA, Tuchfabrik Trier (Rheinland-Pfalz)
Ausserdeem ass en de ganze Mount laang um Site vun der Konschtkescht ze gesinn.

Filmpresentation an der Konschtkëscht 2017-08-14T10:34:37+00:00
13.11 2011

Nationalconcours

2017-08-14T10:34:37+00:00

Dëse Sonnden ass KML mat 4 Filmer op den Dikrecher Filmdeeg vertrueden. Status>Ego, Mr. Knitty and the cardboard house and the cardboard house,  Fish a Vivaldi wäerten um Concours national deelhuelen. Kommt kucken an ënnerstëtzt eis!

Nationalconcours 2017-08-14T10:34:37+00:00
11.11 2011

Konschtkëscht – Auszeechnung

2017-08-14T10:34:37+00:00

De KML-Film Mr. Knitty and the cardboard house ass de Freiden am Kader vun der Konschtkëscht am CNA gewise ginn. D’Jury huet de Film als Gewënner vum Art Video Festival gewielt.

D’Beryl Koltz an d’Nathalie Bachmann aus der Jury hunn hier Wahl mat folgende Wierder begrënnt:Nous avons apprécié cette vidéo pour son originalité, sa fraîcheur et sa poésie. Nous avons été touchés par l’imaginaire suggéré dans le hors-champs du film.

Konschtkëscht – Auszeechnung 2017-08-14T10:34:37+00:00
01.10 2011

Filmpresentation zu Koler

2017-08-14T10:34:37+00:00

Zum 10-jährege Gebuertsdag vun de KML-Kultfilmer Show Time an Legend of Bigfoot ginn dës Filmer namol komplett restauréiert old-school méisseg  an der aler Schoul zu Koler presentéiert. Verpasst dësen Datum net, a kommt all kucken. Fir Gedrénks ass gesuergt!

Filmpresentation zu Koler 2017-08-14T10:34:37+00:00