KML - Koler Movies Lëtzebuerg ass e Film-Club, dee 1998 vun 3 filmbegeeschterte Jugendlechen aus der Gemeng Garnech, dem Laurent Schmit, Frank Hansen a Marc Barnig gegrënnt ginn ass. De 27.01.2006 gouf d’ASBL
„KML - Koler Movies Lëtzebuerg asbl“ gegrënnt.
Eisem Club gehéieren haut nierft jonke Leit aus der Gemeng Garnech an der Gemeng Stengefort, Filmfans aus
dem ganze Land un, déi Loscht hunn aktiv un eise Film-Tournage matzewierken, sierf daat als Akteur, Regisseur, Kameramann oder an der technescher Crew...
Well mir e Veräin sinn, steet de Spaass natierlech bei de Film-Tournagen och ëmmer op éischter Plaz.
Hues Du och lo Loscht kritt bei eis matzemaachen, da schreiw eis eng E-Mail.
KML Comité 2011
President:
Marc Barnig
Keessier:
Carole Weis
Grafiker: Laurent
Schmit
Webmaster:
Frank Hansen
Status>Ego & Mr Knitty op der Créajeune20.01.2012 - 15:15 KML ass dest Joer um Filmwettbewerb Créajeune mat 2 Filmer vertrueden. Status>Ego a Mr Knitty laafen den 25ten Januar an der Cinémathèque an der Staat. Start ass um 19h00 Auer. D'Entrée ass fräi! ...